Versammlung vum 27/11/2008

written by Jim | 28.11.08 21:47

E schéinen Erfolleg haat eis Versammlung vum 27/11. Net manner wéi 15 Leit waren präsent, waat eng ganz schéin Leeschtung ass!

Mir konnten och 3 nei Memberen begréissen, waat net zulescht och op eisen Effort op der International Racing Show zeréckzeféieren ass. Domat wellen mir dann d'Stefanie, d'Mandy an natiirlech och den Tom härzlech wellkomm heeschen, an hoffen dass sie hieren Enthousiasmus och wärten laang Zait an den Dengscht vum Club stellen.

Et gouf e provisoreschen Programm fir iwert d'Wanterzait diskutéiert, mee och Pläng fir d'nächst Joer op den IMM an GB ze fueren sin ugeschwaat gin.

D'Memberen goufen invitéiert eng Foto vun hirem Mini(en) mat hinnen derbai op miniclub@miniclub.luThis email address is being protected from spam bots, you need Javascript enabled to view it ze schécken, fir eventuell kennen an engem Dokumentarfilm fir MINI 50 matzewirken. Daat ass dann och d'Méiglechkeet fir déi Fotoen online ze setzen, fir eise Site méi interessant ze maachen.  

Ausserdem goufen och Gedanken iwert eng ganz nei Internetsait ausgetosch, wou eis Informatiker ganz gudd Projet'en hun, mee och d'Memberen sollten mat hieren Doléancen net ze kuerz kommen.

Alles an allem e flotten Owend, wou Fotoen an soss Material gewisen goufen an och déi eng oder aaner Adresse ausgetosch gin sin. Mir hoffen natirlech dass dese neien Wand net an der Finanzkriis enner geet =0)

Bis dann op eiser nächster Versammlung am Dezember....

Keep on Mini'ing

 


« News Archive