Versammlung vum 18/12/2008

written by Jim | 20.12.08 21:39

10 Leit haaten de Wee op de Lampertsbierg fond fir un eiser leschter Versammlung fir dest Joer deelzehuelen. Dorenner och de Pierre-Paul, Besetzer vun engem Mini Moke vun 1965 an den Eric, deen et als Eenzegen mat engem Mini op de Glacis gezunn haat!

Et wor eng leschteg Ronn an jiddereen huet eppes neies dervun gedroen. Diskutéiert gouf ennert aanerem iwer eng nei Form vun Generalversammlung, a Verbindung mat enger Ausfahrt an engem Iessen. Vu dass awer e neien Comitée muss gewielt gin, an daat zimlech fréih am Joer, ass déi Idee zwar net uwendbar fir d`Generalversammlung, mee ganz gudd fir am Fréijoer, wou mer dann zesummen eng kleng Ausfahrt mat de Mini'en maachen, fir duerno an engem Schlass zesummen ze iessen.

Dese Kader erlaabt eis dann och bestemmt mega schéin Foto'en ze maachen fir eise Beitrag u Mini 50 ze liwweren. Miniworld freet sech schon!

Leider huet keen Member eng Foto mat sengem Mini op eis e-mail Adress gescheckt, sou dass mir leider net kennen um Dokumentarfilm fir MINI 50 deelhuelen, schued.

Denkt drun, nemmen duerch ären Asaatz lieft de Club.


« News Archive