INVITATIOUN OP D'SORTIE VUM 31. MEE 2009
written by Jim | 12.05.09 21:13
Den 31. Mee huet de Club eng Sortie wou mer eis Moies um 11H um Parking beim Match zu Diddeléng wärten treffen.
Mir fueren e schéine klenge Wee mat de Mini'en duerch d'Lorraine fir duerno am Domaine de Volkrange zesummen Metteg ze maachen. Anschliessend gin nach Fotoen bei der mettelalterlescher Buerg gemaat.
Wéini et heem geet ass lo nach net viraus ze gesinn, well am Domaine ass och e schéine Park, deen, wann et schéin Wieder ass, aluedt e Verdauungsspazéiergang ze maachen.
All Member ass invitéiert, och wann en sech net fir d'Iessen ugemellt huet, un der klenger Randonnée bis op Volkrange deelzehuelen (+-50km). Soot awer w.e.g. virdrun bescheed dass der kommt. Am viraus MERCI an bis geschwenn.

